Wunnhaff

a Baaltches

Eng Wunn-Geschicht
E Bauerenhaff. Eischt Spuren gin op 1822 zerëck. Ursprünglech Besëtzer, d’Famill Muller ; d’Initialen H – M um Schlësselsteen vun der aler Scheier sin am Neibau senger Haaptentrée integréiert. Stin se fir Henri Muller, de Paschtouer aus der Famill, vun dem e Primizbild, « 24. August 1878 » an e Portrait zeien ? 1918, e grousst herr-schaftlecht Haus gouf gebaut, mat héijen Zëmmeren, Stuckwierk op de Plafongen, bis haut gut erhaalen. Wi keng direkt Nokommen mi do woren, gouf der polnescher Famill, déi laang Joeren als Kniecht um Haff geschafft hun, d’Wunnrecht beschriwen.
Schließlech ass d’Haus vum Neveu an den 80er Joeren verkaaf gin. Iwert dem Hausnumm « Baaltches » seng Bedeitung kann een wi esou oft, bis elo nëmme spekuléieren.

Eng Wunn-Philosophie
En aalt Haus huet eng Séil. Seng jëtzech Besëtzer, d’Famill Wiltgen-Sanavia renowéieren zënter 1992 den Haff. Während enger Rei Joeren geet et em Familjeliewen, fir 4 Kanner groussgin, sech entwëckelen an Talenter entfaalen. Et gët en zu enger Plaatz, wou ee gär hikënt, wou Leit sech begéinen, Musik maachen, mat Musik (sech)er-liewen, diskutéieren, nodenken, sech inspiréieren.
An dann, 2006/07 gin d’Scheier an de Stall ausgebaut. 3 Duplexen an 2 Appartementer r.d.ch. mat Facilitéiten fir eeler Mënschen entstin, mat enger moderner Sanitär- an Heizungsanlag, spuersam an ökologesch mat erneierbaren Energie’en (Holzpellets, Solarzellen an Notzung vum Reewaasser (20 000 Liter-Reservoir).

Ee Wunn-Konzept
En Angebot fir opgeschlosse Leit, fir déi Liewen um Land mat Gart, Päerd, Hond a Kaatzen an enger Duerfatmosphär Liewensqualitéit bedeit, déi bereet sin, hir Noperen ze kennen an déi sech ënner Noperschaftshëllef kënnen eppes virstellen, fir déi Privatsphär a sozialt Agebonnesin ke Widersproch, me en Atout sin.